" SMILE "

E Laachen blénkt wéi Sonn am Gesiicht,

Et bréngt vu bannen hier dat Liicht.

Wann d`Häerz an d`Seil si liicht a fräi,

da ginn d`Gedanke bléiend nei.

Gutt Laun ass kleng, mee zauberhaft,

Se mécht den Dag voll Faarf a Kraft.

Och wann mol Woleke komme bei, 

E Laachen dréit se séier fort derbäi.

Loosst all Dag stralen, hell a kloer,

Mat Häerztlechkeet an e bëssen Humor.

E Laachen, Freed a wéineg Mutt - 

Bréngen d`Gléck bei eis an d`Hutt.


"Its hurts"

Et schléit nach ëmmer, och wann et blutt, am Däichteren,

wou keengem ass gutt.

Et dréit de Schmerz, deen näischt vergiess, an hofft,

datt Liicht d`Wonnen kuss.

D`Tréinen falen, lues a kloer,

si wäschen d`Séil, si maachen rar

déi Stëmm, déi flüstert : "Ech sinn nach do",

am Wand, am Dämmer, ganz lues, ganz rou.

Et schléit nach, trotz der schwéierer Zäiten,

fir déi, déi falen, an déi, déi weiderlgleiten.

Et lieft, et hofft, et brennt, et bleift, 

well just en Häerz, dat fillt - dat schreift.

 


"De Wee, deen s du net gaange bass..."

 D’Leit veruerteelen – séier, blann a kal,
Gesinn nëmmen hatt, mee net säi Qual.
Si fléien Urteel: „Si ass schwaach, huet dat gemaacht.“
Mee keen huet hir Séil no Hëllef an der Nuecht erwacht.

Du laachs hir no, hir rouger Gnod,

Mee war ni op hir Srtoos, an hir Nout.

Si ass geschlach, si ass gerannt, 

A Flamen danzt - kee Mënsch huet hatt erkannt.

Hir Lachen blend, mee maskéiert Schmerz,

Déi déif am Häerz - eng déift Verletz.

Si drot hiert Häerz mat Rou a Mut,

An Dir - Dir gleeft, hatt huet et gutt.

Är Blécker schneiden, är Wieder bléien,

Mee Mënschlechkeet fänkt un, wann Häerzer verstoen.

Maach ee Schratt an hir Schong, fäert net d’Ongewëss,
A vläicht gesäis de hir Wourecht an hirer Nout.

Ech sinn kee Riichter - just e Geescht am Wand,

Eng Füchsin déi kuckt, a lieft am Land.

An Du? Léiers nach - lues a roueg...

Ze fannen dat Liicht, dat hannert de Schied schléift.


"Zäitgeescht"

 

Le TEMP qui passe, 

we can not STOP

E séier Bléck

Mécht Diren op.

Allez, Kapp héich !!!

Dat ass de Wee.

Wou bréngt eis Zäit

We can not SAY.