Cours 1 

 

1. Spill TIK TAK TOI mat Haussaachen

           https://vimeo.com/407074224

2. Opwiermen (kuckt Bild riets) 

3. SCHONGlerie:

 * Danzt mat  https://vimeo.com/407074702

 * Tricks fir matzemaachen ! 

    https://vimeo.com/407075450

4. Hausaufgab

moolt däin ZIRKUS, wéi ass een grouss/kleng, ronn/quadratesch oder .....???

 

wann s du wells datt däi Bild/Trick publizéiert gëtt, schéckt mir däi Bild/Trick op email info@animatrix.lu

 

VILL SPAASS mat ZIRKUSSPILL :)



Cours 2 

 

1. Spill  "Zirkusdirektor Fänkches"

Wann den Zirkusdirektor dech gefaangen huet, seet een: du bass e Jongleur, da muss du wéi wann wahrend 5 Sekunden jongléieren, da kann s du weider lafen. Zirkusdirektor kann soen:

Akrobat (mécht kleng acrobatesch Figur), Dompteur (seet: Alle hop), Clown (schneit eng Grimass), Seeldanzer (Gläichgewiicht mam lénke oder rietse Fouss halen) an esou weider ...

2. Opwiermen

- schrieft däin Numm an der Loft mat der rietser Hand/lénkser Hand

- schreift däin Numm an der Loft mam rietse Fouss/lénkse Fouss

- schreift däin Numm an der Loft mat der Nues.

hues du méi Ideen , da lass. Schreift!!!

3. Atelier AKROBATIK (kuckt Bild riets)

Wichteg :

- ennen ass emmer méi grouss/staark Persoun.

- benotzt eng Matrass

4. Hausaufgab 

Hues du schonn e Numm vun dengem ZIRKUS. Wann net, da sicht een !!! Wann s du wëlls datt et publizéiert gëtt, schéckt mir d'Info op Email info@animatrix.lu



Cours 3 

 

1. Spill  

   Maacht e Gesiicht vum engem Clown.

   Benotz nemmen Saachen aus Haushalt.

   wann s du wëlls datt et publizéiert gëtt, 

   schéckt mir d'Info op Email info@animatrix.lu

2. Opwiermen 

   - verkleet sech als Clown 

  https://vimeo.com/407070908

3. Atelier CLOWN (Grimassen schneiden)

    (kuckt Bild riets)

4. Hausaufgab 

   Du kanns des Bild eraus drécken fir eng Foto 

   mat enger Paréck, mat engem Brëll oder mat 

   Clownemond ze maachen.



Cours 4 

 

1. Spill  "Mustik Fänkches"

Jidderen huet 3 liewen. Et ass eng Mustik (een deen fänkt) am Zëmmer. Wann ee vun enger Mustik gepikt gëtt, mécht een eng Plooschter drop, awer verléiert säin 1 Liewen. d'Hand bleiwt op der Plooschter, da kann een weider lafen. Wann een nach eng Kéier vun enger Mustik gepikt gëtt, mécht een nach eng Plooschter drop, awer verléiert ee säin 2 Liewen. Hand bleiwt op der Plooschter, da kann een weider lafen. Wann ee vun enger Mustik fir 3 gepikt gëtt:

GAME OVER.

   

2. Opwiermen.

Mir beweegen eis wéi Déieren mat enger flotter Musek, déi Dir gär hutt:

als en Af, als e Päerd, als en Elefant, als e Fräsch,

als eng Spann, als e Pinguin. Wann s du méi Ideen hues, maacht et, awer mat engem Spaass.

  

3. Atelier  YOGA fir KANNER (kuckt Bild riets)

4. Hausaufgab.

    Wéini ass däin nächsten Optrëtt? Mol eng 

    Zirkusaffiche mat all néideg Informatiounen. 

    Ech si gespaant. Datt gëtt bestemt ganz flott.

    Wann s du wëlls datt et publizéiert gëtt,

    schéckt mir d'Info op Email info@animatrix.lu

   



Cours 5 

1. Spill  "De blanne Roboter op der Rees". D'Kand spillt e Roboter, kritt seng Aen zougebonnen an gëtt duerch der Raum geféiert. Wann säi  Spillpartner d'Kand mam Fanger um Réck beréiert, däerf et goen. Wann de Kontact tëscht Fanger a Réck ophält, muss d'Kand stoe bleiwen. Fir ze dirigéieren gëtt de Fanger op der lénks oder riets  Scheller geluecht: dat heescht dréinen bis de Kontakt ophält ...

D'Experement kann elo lass goen !!!   

2. Opwiermen

Mat wat fir eng Kierperdeel kann Dir dréinen?

Probéiert mol vill Beweegungen ze fannen.

3. Atelier "Sprangseel"

    https://vimeo.com/407071907

4. Hausaufgab.

  Hues du schonn en Ticket fir Zirkusspektakel 

  kucke goen? Bastelt een ! Du bass esou kreativ.

  Ech si gespaant. Datt gëtt bestemt ganz flott.

  Wann s du wëlls datt et publizéiert gëtt,

  schéckt mir d'Info op Email info@animatrix.lu

Hei gesitt Dir d'Resultat vum Zirkusspill vu engem Meedchen aus der Zirkusschoul.

Villmols MERCI fir d'Matzemaachen !!!